Agloco Luxemburg
Patrice Sadler has stepped up to translate the interview in Luxemburgish.
To learn more about Agloco in Luxemburgish visit Patrice's blog:http://agloco-freak.tripod.com
1. Deel vun 3
(Den Brian äntwert op d'Fro wei en Agloco gegrennt huet):
Den Brian äntwert:
A.K. Mavani huet mech inspireiert an ech hun fonnt dat wier eng genial Idee. Greisstendeels ass et weinst den villen Ideeen aus Stanford --- vill Firmen-Ideen dei een am Alldag gesait-- sin kleng Modifikatiounen un aktuell Technologien oder aner Weer eppes ze maachen wat et schon get; mee dat heiten ass wierklech eng Idee dei d'Potenzial dofier huet net nemmen d'Industrie ze veränneren mee suguer den ganzen Internet.
The Renegade Network Marketer
Sou huet den A.K. mier d'Internet Economie mei no bruecht an erklärt. Hien huet mer erzielt dass am ganzen Internet Firmen sin dei Tonnen vun Geld maan nemmen mat den deegelegen Internet Benotzeren. An eng Zait laang ass dat och duer gaang. Eng Zait ass eng gratis Sichmachine fellegen duer gaang.
Mee lo wou d'Firmen an privat Leit den Internet komplett am Greff hun an och zu 100 Prozent dovunner Gebrauch maachen ass gratis einfach nach ze vill. Gratis ass einfach ze deier gin. An, wierklech wat een am Internet kann gesin ass , dass Internet Benotzer vun iwwerall waakrech gin an mierken wei wertvoll se wierklech sin.
Grouss Internet Entreprisen sin am gaangen dat och ze bemierken. Sou wei Microsoft an och YouTube schon dovunner geschwaat hun. An ech mengen sie gesin och dat et ass en groussen Vierdeel frei ze gesin an wat vier eng Richtung den Internet sech am gaang ass ze entweckelen.
Net nemmen Firmen hun Agloco bemierkt mee och emmer mei Zeitungen schwetzen vun eis. Am März gouf iwwer eis am Red Herring geschwaat. An eppes wat ech nach net erwähnt hun ass dat d'franseich Zeitung "Le Monde" en Artikel iwwer eis geschriwwen huet. Ech waert den Link dozou an engem vun den kommenden Blogs veröffentlechen.
Mee d'Haaptsaach ass einfach dass et ausgesait wei wann jiddereen waakrech get an dei nei Realiteit bemierkt an et ass just eng Fro vun Zait bis et jidderengem bekannt ass. An den A.K. huet et mier meigeleg gemaach an dei ganz Idee mat eran ze kommen an en Deel vun der neier an feiremder Industrie ze gin.An wat Agloco vier mech wierklech eenzegaartech mecht ass dei geschàftlech Idee. Sou weit ech wees ass et wierklech eenzechaarteg. An ech wees Agloco ass entworf gin fier d'Fairness bei den Internet Benotzeren secherzestellen an sie um groussen Internet-Boom deelhuelen ze loossen.
Eigentlech kreien Memberen net een Steck vum Geld dat Agloco mecht mee hinnen geheiert Agloco an sie kreien deen greissten Deel vum Firmen Potential. Et ass fair well dei Memberen dei mei am Internet sin mei verdengen. Dei dei Leit dozou brengen och en Member vun Agloco ze gin, vergreisseren d'Community an kreien natierlech och mei Geld. Ech fannen dat wierklech fair an ech denken dat ass zum Deel och wisou mier esou vill Memberen hun an sou gin sin wei mier sin.
Ech deelen ierch nach en weideren Bleckpunkt iwwer Agloco mat; eppes dat ech erausfonnt hun nodeems ech e puer Member Kommentaren geliess hun. Ech hun gemierkt dat e puer Memberen Agloco als Multi-Level System ugesin. Och wann do e puer Multi-Level Aspekter bestinn fannen ech perseinlech iwwerhaapt net dat Agloco esou eppes as.
An dofier get et och e puer Erklärungen. Een ass dat mier keng Produkter verkaafen. Mier inviteieren Benotzer Agloco vier naicht beizetrieden. Enger Community vun Eenzelnen dei un eng Revolutioun gleewen; dei dorunner gleewen dass Internet Benotzer wertvoll sin. Menschen dei fannen dass hier Bildschirmplaaz wertvoll ass am Senn vun enger Pinnwand ann dass die sollen bezuelt gin wann Firmen gaeren Reklamm un hierer Pinnwand ophänken. An d'Viewbar ass den Medium iwwer deen d'Community all dat erreechen kann.
Mier hoffen och dass wann mier weider maachen mat der Verbesserung vun der Viewbar sie och mei an der alldeegleger Internetbenotzung zur Geltung kennt.
Et ass wierklech eng Erausfuerderung fier mech ze hellefen desen genialen System deen souwisou onausweichleg as, virun ze drecken. An et sin genau sou Saachen dei mech all Moien dozou beweegen aus dem Bett ze sprangen an op d'Aarbescht ze goen.
Mike Kingler:
Io wierklech. Et ass extrem spannend dat ze gesin. Ech sin secher an deems dat dier ierch sou vill Meih gidd hud dier schons vill erreecht. Ech wees dass dei lescht Matdeelung deis du eis matgedeelt hues wierklech spannend ass - en neit Netzwierk. Kanns du eis en bessi doriwwer verroden?
Den Brian äntwert:
Kloer, an Pardon wann ech lo ufänken en besschen ze stotteren mee duerch sou Saachen gin ech wierklech opgereecht.
Den Mike mengt:
Nee ass guer keen Problem ma einfach wei doheem.
Den Brian fiert weider:
Loost mech nach eng keier op den Start vun der Viewbar zereck kommen. Mier hun eis erwaart dass onerwaart Problemer optauchen geifen. Dei eischt Wochen nodeems ma d'Viewbar veröffentlecht hun hun mier wierklech alles an d'Weeer geleet all d'Problemer rem an d'Rei ze brengen. Problemer hun haaptsächleg un der Stabiliteit vum Hompage Server geleen. Mier mier hun se stabiliseiert an deems mier den Download vun der Viewbar op Tucows.com emgeleed hun. Mier hun Viewbar verbessert an deems mier vun Memberen gemellten Fehleren erleidecht hun, an mier hun och probeiert d'Werbung sech beweegen ze loosen, wat sech vier eis als grous intressant Errausfuerderung gestallt huet secherlech get et dovier mei wei nemmen eng Erklärung.
Dei eischt as dat vill vun den Problemer mat der beweeglecher Werbung net weinst engem Feeler vun eiser Sait komm ass mee duerch Feeler vum Server. Doweinst fillt een sech an deem Moment och zimmlech hellefslos well een selwer net vill dorunner änneren kann.
An zweetens : nemmen e puer Memberen ass deen Feeler opgefall an sie waren secherlech am programmeiren geübt an konnten eis soumatter vill hellefen also wann do baussen Leit sin dei wessen wei mer verschidden Saachen verbesseren kennen loosst eis et roueg wessen.
An wat mier wierklech als allereicht gemaach hun war all dei Feeler auszeschaffen. An ech hun schon dovunner an engem oder zwee Blog Noorichten geschwaat. Ech hun och erklärt dat mier duerch drei Haaptphasen duerch mussen an dass mier hoffen dei an en puer Wochen duerchgaangen ze sin an extrem vill Fortschretter ze maachen.
Dat eicht wat ech ugeschwaat hun as alles stabil ze kreien. An ech denken dat eis dat wierklech zimlech gut gelongen ass an dass ma gaanz vill Fortschrett gemaach hun. En Deel vum Problem bleiwt allerdengs bestoen an zwar dass net ALL Member gesait dass d'Werbungen sech beweegen.
Den Recht vun der zweeter Phase dei mier ze duerchlaafen hun ass d'Ankommen vun der Viewbar ze erheigen. An dei drett Phase ass d'Memberen auszebezuelen wouropper ech gaer nach mei speid eng Keier zereck kommen geif. An natierlech ass et absolut normal dass teschent desen drei Phasen en besschen Zait vergeet mee dei Zait ass an e puer Wochen och eriwwer. Natierlech kommen weider Ankommen nodeems d'Memberen ausbezuelt goufen.
Memberen hun natierlech bemierkt dass den Werbungs Server Problemer hat dat auszefeieren wat mier wollten. Vier d'eischt hun mier probeiert all 30 Sekonnen d'Werbung ze wiesselen. Mier hun missen dei Zeit verlängeren an ech mengen mier sin lo op 3 Minuten. Mee et sin nach emmer Memberen dei Problemer mam Wiessel vun den Werbungen hun.
An eppes extrem wichteges dat ech an der Business Schoul geleiert hun as en Plang ze hun mee wat nach mei wichteg ass, ass dat een flexibel ass an fäheg ass dei richteg Entscheedung ze huelen wann onerwaartes optrett well et trett secher op.
Also hun ma eis bemeiht an mier waren flexibel. An mengem leschten Post hun ech annonceiert dass mier den Werbungs Server wiesselen wat e puer Problemer secherlech behiewen waert.
Mier hoffen dass den neien System an den nächsten Wochen raus kennt an natierlech sin mier am Gaang weider Deals mat Firmen ze machen. Onglecklecherweis kann ech sou Detailer leider net veröffentlechen. Ech denken dass et zimmlech normal vier d'Firmen ass esou Detailer net Praiss ze gin well et sin solch Informatiounen un deenen aner Firmen wierklech intresseiert kennen sin an doweinst geif et dem Numm vun der Firma schueden. An och wann ech wierklech gaeren all den Memberen alles doriwwer erzielen kann ech dat wierklech net well et keen Wee get dat ze maachen ouni den Firmen ze schueden.
Mike Kingler:
Richteg. An do ass nach eppes wat ech wierklech gaeren erwähnen geif. Vill Leit wellen natierlech alles iwwer aer Schrett-vier-Schrett Entwecklung wessen wat och wierklech verständlech ass dass jiddereen opgereegt as. Mee mat all deenen Saachen em dei dier ierch am Moment kemmeren musst wellen d'Memberen ierch nach mei aktiv an regelmeisseg um Blog gesin. Mee natierlech hud dier net esou vill Zait dofier, well schliesslech musst dier io d'Ankommen erweideren an Treffen veranstalten vier Firmen vun Agloco ze iwwerzeegen. Kannst du mier dat just schnell confirmeiren?
Brian Greenwald:
Io natierlech. An all dei dat heiten grad lauschteren (oder liesen), den Mike an ech haaten geschter Owend en kuerzt Gespreich vier dat heiten vierzebereeden also annonceiren ech dat lo mol hei. Ech waert an nächster Zait secherlech vill Zait domatter verbrengen Ankommen vier Community ze secheren an dofier hun ech meng eegen Roll um Blog en besschen geännert.
Dat ass eppes dat ech an den nächsten Posts nach eng keier erwähnen waert. Ech waert natierlech weiderhinn den Blog iwwerwaachen mee verschidden Memberen vum Grennungsteam waerten zu verschiddenen Zaiten äntweren.
Also kennt dier natierleg weiderhin all aer Beschweieren un mech schecken an ech waert och en Bleck drop werfen mee et brauch eben einfach ze vill Zait all dei Blog Anträg ze schreiwen an nach mei wichteg an deenen Posts op all eenzelnen Agloco-Member anzegoen. An schliesslech muss ech Agloco och zu engem groussen Deel an verschidden Stecker andeelen vier dat Aarbescht net ze vill get vier all eenzelnen Mataarbeschter.
Ech denken et ass elo un der Zait, wou d'Viewbar zum Download bereet steet dass mier eis em Partneren kemmen an sou d'Ankommes ze erheigen an dass ech ma mei Zait huelen muss dei Ankommen seier zesummen ze kreien vier dass mier d'Memberen endlech ausbezuelen kennen.
Visit Patrice's blog for more support in Luxemburgish -- http://agloco-freak.tripod.com

Reader Comments